Wéi ech un d’Erziele koum oder hunn d’Geschichte mech fonnt?
Et war ëmmer schon do , dat Erzielen. Eng spontan Ausso vun engem Kolleeg huet mech bestäerkt, datt ech et waakreg rësele soll: Du muss Theater spillen. Jo, dat hunn ech probéiert, mee , nee, dat war net dat Richtegt fir mech.
Joren dono, am Frankräich, sinn ech dunn an de Charme vum Erziele geroden an et huet mech net méi lassgelooss. En Erzieler aus de Pyrenäen huet eng Stonn Geschichten aus sengem Liewen, aus senger Géigend, vu senger Famill erzielt. Ech war total faszinéiert . Einfach nëmmen erzielen, geet dat?
Haut weess ech , datt dat net „einfach esou“ geet, mee, datt een Handwierksgeschier brauch fir dass d’Geschicht dee Raum kritt, deen si brauch fir Mënschen ze beréieren. Dat Geschier hunn ech mir an engem Ausbildungsjoer zu Bonn bei engem professionellen Erzieler, dem Peter Glass, zougeluecht.
Grad elo!
Huet meng Examens-Ofschlossgeschicht geheescht, eng Erzielung, vun enger Fra, déi entscheed huet, grad elo, esou ze liewe wéi et hir gefält.
A grad elo, war och mäi Start an d’fräit Erzielen, diploméiert, mee mat extreem wéineg Erfarung. No der Ausbildung ass och iergendwéi virun der nächster Weiderbildung.
Et koumen, a kommen ëmmer nach, Etappen an der Belsch an an Däitschland bei professionellen Erzieler derbäi.E gudden Austausch ass Gold wäert.
An der Tëschenzäit hunn ech Erfarunge gesammelt an huele Mënschen, Kanner an Erwuessener mat a d‘Geschichtewelt.
Loosst dir iech och mol entféieren?

