Liewen eleng geet net duer, Sonn, Fräiheet an e schéint Märchen brauch een och…
fräi no H.C. Andersen

Melissa erzielt
Lies du vir?
Ech liesen net vir, ech erzielen.
Komm a lauschter mol no.
Léiers du déi Geschichten auswenneg?
Nee, dann ass et wéi virliesen. Wann d’Geschicht mir gefält, da loossen ech se a mir viruliewen an erzielen se weider.
Kanns du awer och virliesen?
Jo
Wou kënns du un déi vill Geschichten?
Ech liesen, ech lauschteren aneren Erzieler no, ech lauschteren de Mënschen no, déi eng Geschicht erzielen.
Erfënns du déi Geschichten?
Nee, ech gräifen zréck op e risegen Reservoir vu Geschichten aus aller Welt. Schonn zënter Joerhonnerten gëtt iwwerall an der Welt erzielt a weidererzielt.
Sinn déi Geschichten da wouer?
Ma sécher dat, soss kéint ech se jo net erzielen.
Erziels du fir Kanner?
Och, mee genee esou gär fir Erwuessener, well jidderee brauch reegelméisseg e schéint Märchen.
Bass du eng Märchentante?
Do hunn ech viru Jore mech gewiert a NEE gesot.
Haut soen ech: JOOOOOOOOOOOOO



Passioun vum Erzielen deelen ech mat anere Mënschen an erliewe wäertvoll Momenter
Konscht vum Erzielen ass am richtege Moment déi richteg Geschicht ze erzielen
Wanderen an erzielen, heiansdo a Begleedung vu Musek, eng perfekt Mëschung.
Wärend enger Wanderung an enger ofwiesslungsräicher Landschaft erzielen ech ausgesichte Geschichten, naturno , joreszäitlech a kulturell ugepasst.
Erzielen an der Natur fir Kanner an Erwuessener
Mir gesinn eis Ëmwelt mat den An vum Erzieler, dee mat senge Geschichten dat net siichtbar, siichtbar mécht. Verbonne mat Beweegung a klengen Aktivitéiten entdecke mir zesummen d’Natur, mee loosse Raum fir d‘ Fantasie.
Erziele fir eeler Mënschen
Ëmmer nees eng erfrëschend Erfarung fir mech. Mir hunn eis esouvill ze erzielen, mir mussen et nëmmen zouloossen an de Mutt hunn eis auszetauschen. An enger frëndlecher Atmosphär geschéien dacks Wonner.
Erzielen an enger Bibliothéik
Do, wou d’Geschichte geschriwwe stinn an drop waarde gelies ze ginn, däerfen d’Geschichten sech och mol fräi entfalen an aus dem Buch sprangen.
Erzielen an enger Konschtgalerie
Eng speziell Atmosphär, Kënschtler a seng Wierker an Erzieler an enger Zort Symbios.
Erzielen an engem Zelt
Heemlech a gemittlech an engem geschützte Raum, entwéckelen sech d’Geschichten vu selwen.
Erziele fir Mënsche mat spezielle Bedürfnisser
Eng Erausfuerderung, déi sech nach ëmmer gelount huet.
Erziele fir eppes ze vermëttelen, de Bléckwénkel ze erweideren, d’An opzemaaachen fir Neies, Froen opzewerfen, Diskussiounen unzereegen.
Erziele fir sozialen Zesummenhalt, besonnesch wichteg an enger Welt, wou dat interkulturellt Zesummeliewen net einfach, mee den Dialog sou wichteg ass. Gutt Geschichte werfe Froen op, bidden och mol Léisungen un, mee bewäerte net.
A souvill aner Méiglechkeeten …..
Erzielt gëtt iwwerall
Erziele kann een iwwerall, nolauschteren och!
Ech stellen iech e perséinleche Wonschprogramm zesummen oder dir loosst iech iwwerraschen.
Mellt iech an deelt mir mat wou d’Märercher erzielt ginn. An ech verbanne Geschichte mat der Plaz, der Geleeënheet, der Joreszäit, dem Liewen ……vun de Nolauschterer.
info@zaubernoss.lu
Showing the 20 upcoming Termin-Kalender entries
